Aller au contenu principal

Dag vun der politescher Bildung

Dag vun der politescher Bildung

Den 18. Mee 2022 fënnt déi zweet Editioun vum „Dag vun der politescher Bildung“ statt, dee vum Zentrum vir politesch Bildung (Zpb) 2018 fir d’éischte Kéier organiséiert gouf. Am Kader vun dësem Event, deen Acteuren vun der politescher Bildung d’Méiglechkeet bitt zesummenzekommen, sech auszetauschen a gemeinsam iwwer Erausfuerderungen nozedenken, diskutéiere Vertrieder aus ënnerschiddlechen Institutiounen ë.a. iwwer „Mediebildung géint Falschnoriichten a Verschwörungsmythen” a presentéieren hir Aktivitéiten an deem Beräich. Dëse Kader soll den Acteuren och d’Geleeënheet ginn zesummen ze beschwätzen, ënner wéi enger Form se dësen Echange kënne fortsetzen a wéi d’ALIA an Zukunft dobäi hëllefe kann.

De ganze Programm vum Dag vun der politescher Bildung fannt dir hei.

Tëscht 14 a 16 Auer kënnt dir och un ënnerschiddleche Formatiounen deelhuelen, Aschreiwunge sinn nach ëmmer méiglech.

Dag vun der politescher Bildung Dag vun der politescher Bildung
Dag vun der politescher Bildung