Go to main content

„echbezweiwelen.lu“ – Fir méi Gewëssheet beim Zweiwelen

„echbezweiwelen.lu“ – Fir méi Gewëssheet beim Zweiwelen

Ass dat, wat ech online liesen, gesinn oder héiere wouer? Loossen sech Nouvelle bei där Mass un Informatiounen iwwerhaapt nach zouverlässeg iwwerpréiwen? Wéi enge Sourcë kann een nach trauen? A wat ass, wa vertrauenswierdeg Medie eppes Falsches schreiwen? … Bei allem wat mer online begéinen, kënnt ee gären un d’Zweiwelen. Déi nei Campagne vun EDMO BELUX bitt Tipps fir méi Gewëssheet beim Zweiwelen!

Als eng vun den ënnerstëtzenden Organisatioune vun EDMO Belux, der Experteplattform fir d’Bekämpfung vun Desinformatioun, bedeelegt sech d’ALIA un der Campagne, déi vun de Kompetenzzentren Média Animation a Mediawijs entwéckelt gouf fir déi digital Noriichten- an Informatiounskompetenz vun den Notzer ze stäerken an hinne wäertvoll Tipps mat un d’Hand ze ginn fir méi selbstsécher duerch d’Flut un Informatiounen ze navigéieren.

D’Campagne ass op Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch a Flamännesch disponibel.